top of page

SCHENGEN

ALARMSIREENEN

il y a 2 jours
1 min de lecture

D'Aktualitéit verschount eis am Moment net. Kricher, Accidenter, Bëschbränn, Iwwerschwemmungen, Katastrophe sinn omnipresent an de Noriichten.


All éischte Méinden am Mount ginn d'Alarmsireenen zu Lëtzebuerg getest.


Meng Froen un de Schäfferot beschäftegen sech domadder, a wéi enge Fäll d'Sireenen ausgeléist ginn, a vu wiem. A wat d'Instruktiounen un d'Bierger sinn. Wéi reagéieren ech op wéi eng Zort vun Alarm ?


Ech si mir scho bewosst, dass déi Saachen um nationalen Niveau geréiert ginn, mee ech géif gäre besser verstoe, wéi d'Gemeng Schengen do agebonnen ass, besonnesch matt Bléck op Informatioun a Kommunikatioun.



Commentaires


bottom of page