top of page
All


WEEKRAÏZER, KAPELLEN A MÉI
Weekräizer, Kapellen, Monumenter, Statuen, Grotten: et gi vill der Elementer, déi ee gewëssen historesch, kulturellen a touristesch Wäert hunn an eiser Gemeng. Mee wien ass eigentlech fir den Ënnerhalt zoustänneg ? Gemeng, Kierch, Privatleit,... ? Ginn et der déi klasséiert sinn oder misste ginn ?
Tom BELLION
il y a 11 heures1 min de lecture


RIEMESCHEN: KRÄIZWEE UM KREIZBERG
Den Hellege Vinzenz ass de Schutzpatréiner vun eise Wënzer. Ech war richteg schockéiert, wéi ech um Kreizberg zu Riemeschen den Zoustand vum Denkmal vun 1912 a vum Kräizwee a senge Statioune gesinn hunn. Et muss ee jo wëssen, dass eng Partie Wanderweeër do laanscht ginn: de nationale Musel Wanderwee, de nationale Wee vu Schengen op Helleng, déi zwee europäesch Kulturweeër "Vitis" an "Liberation Route Europe", grad wéi de Jakobswee an een Auto-Pédestre. D'Gemeng Schengen gëtt
Tom BELLION
il y a 2 jours1 min de lecture
![SCHENGEN TIMES #36 [6.10.2026]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_f7964b5ad37b48d3bd96878488739432~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_f7964b5ad37b48d3bd96878488739432~mv2.webp)
![SCHENGEN TIMES #36 [6.10.2026]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_f7964b5ad37b48d3bd96878488739432~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_f7964b5ad37b48d3bd96878488739432~mv2.webp)
SCHENGEN TIMES #36 [6.10.2026]
Merci, dass Dir meng Newsletter SCHENGEN TIMES abonéiert hutt. Iwwert dëse Wee informéieren ech iech reegelméisseg iwwert meng politesch Aarbecht am Gemengerot zu Schengen. Hei fannt Dir ënnert anerem : mäi Réckbléck op d'Sitzung vum 29. September 2026, besonnesch d'Fro ob d'Klimaanlag fir d'Zentralschoul eventuell vergiess gouf, de Suivi vu menge rezenten Initiativen a Froen, Kënstlech Intelligenz an der Gemeng Schengen? Welleschter Kierch entweien ? Klimapakt: wou steet
Tom BELLION
il y a 5 jours1 min de lecture


1150 JOER SCHENGEN
1150 Joer Schengen. 2027 ass et esou wäit. Den Numm Schengen gouf am Joer 877 fir d'éischt schrëftlech mentionéiert. 2027 ginn et awer och 10 Joer, wou d'Duerf Schengen de Label du Patrimoine Européen dréit. Ass dat net een duebele Grond fir ze feieren? Meng Propose: Kommt mir maachen dat am September 2027 am Kader vun de Journées européennes du patrimoine.
Tom BELLION
4 oct.1 min de lecture


LÉIEREN DRÉCHEMAUERE BAUEN
Dréchemauere sinn ee wichtege Bestanddeel an eiser Landschaft a si erfëlle vill wichteg Funktiounen an der Natur. Dréchemauere bauen ass eng Handwierkskonscht an eng al Traditioun a ville Zivilisatiounen. Firwat net als Gemenge Schengen, an Zesummenaarbecht mam Gemengesyndikat SIAS, eng entspriechend Formatioun ubidden ? Ech si sécher, dass et do vill Interessente gëtt.
Tom BELLION
3 oct.1 min de lecture


REGIONALE MOBILITÉITSDËSCH
Mam "Jangeli" huet de Süd-Osten ee Stéck Geschicht geschriwwen. De Buergermeeschter vu Réimech huet kierzlech d'Iddi an d'Spill bruecht, fir den Tram an eis Regioun ze kréien. Dat wäert jo net esou schnell goen, dofir proposéieren ech mol fir e "Regionale Mobilitéitsdësch" an d'Liewen ze ruffen. Do kéinten d'Gemengen zesumme konkret Fuerderungen ausschaffe fir kuerzfristeg den Ëffentlechen Transport a Richtung Zentrum a Süden ze verbesseren an aner Mobilitéitsfroen #zesumm
Tom BELLION
2 oct.1 min de lecture


KLIMAPAKT : WOU STEET SCHENGEN?
D'Gemeng Schengen ass zanter ee puer Joer Deel vum Klimapakt. Et goufe Fortschrëtter gemaach, mee wat sinn eis ganz konkret Ziler a politesch Ambitiounen? Si mir um Wee fir déi ze erreechen ? Wéini ass déi nächst Zertifikatioun a wéi ee Level wëlle mir erreechen. Elei meng Froen dozou un de Schäfferot.
Tom BELLION
29 sept.1 min de lecture


WAASSERSCHAPP RIEMESCHEN
Ass de Bau fãerdeg an ofgeholl? Da kéint jo de Panneau am Bréicherwee ewech kommen?
Tom BELLION
27 sept.1 min de lecture


CAMPUS BAGGERWEIER | KLIMATISATIOUN VERGIESS?
D'Gesondheet an d'Wuelbefanne vun der Schüler, dem Léierpersonal an all anere Persounen déi um zukünftege Site aktiv sinn, si mir ganz wichteg. Matt groussem Erstaune gesinn ech op der Dagesuerdnung ee Punkt fir eng Klimatisatioun um Campus Baggerweier. Käschtepunkt: 2,5 Milliounen Euro. Zousätzlech zu den 121 Milliounen déi scho votéiert goufen. Hei een Ufank vu Froen déi sech mir an dem Kontext stellen.
Tom BELLION
27 sept.1 min de lecture


TEASER | SITZUNG VUM 29.9.26
Elei en Abléck an déi politesch Themen, déi ech besonnesch fir d’Gemengerotssitzung vum 29.9.26 zu Schengen virbereet hunn. An hei de Link op d’Dagesuerdnung:https://www.schengen.lu/wp-content/uploads/2026/09/Ordre-du-jour-de-la-seance-du-conseil-communal-du-29-septembre-2026-9h00.pdf Konstruktiv. Kritesch. Zukunftsorientéiert. Dat ass meng politesch Haltung.
Tom BELLION
26 sept.1 min de lecture


2035 BEZUELBAR WUNNEN AN DER GEMENG SCHENGEN
D'Wunnen zu abordabele Präisser: dat ass eng Suerg, déi all Gemengerot muss dreiwen. D'Jugend, d'Senioren an d'Leit déi et brauche mussen hei eng Offer gemaach kréien. Do féiert kee Wee do laanscht. An do ginn et jo eng Rei Instrumenter iwwert de Pacte Logement déi eng Gemeng kann notze fir selwer aktiv ze ginn. Dofir muss een den Iwwerbléck hunn iwwert de "Leerstand" a "Baulücken" an der Gemeng an och iwwert dat wat nach iwwert Bebauungspläng kënnt. An et muss een ee kloert
Tom BELLION
26 sept.1 min de lecture


Tom BELLION
25 sept.0 min de lecture


Tom BELLION
25 sept.0 min de lecture


STEEGÄERT NEES BEGRÉNGEN
Zanter Mee 2025 ginn et Subside fir Steegäert nees ze begréngen. Wéi vill goufen der bis elo ugefrot/accordéiert?
Tom BELLION
22 sept.1 min de lecture


FUTTBALL HANNERT DER SCHOUL?
De Gemengerot Welleschten hat nach vrun der Fusioun ee Futtballterrain hannert der Schoul zu Bech-Maacher amenagéiert. Et gesäit net aus wéi wann deen nach gebraucht géif. Firwat?
Tom BELLION
22 sept.1 min de lecture


NOPESCHSTRÄIT SCHLICHTEN
Ee Sträit mam Noper bäileeë? Zanter Januar bitt d'Gemeng de Service gratis un. Gouf schonn drop zréck gegraff? Wéi oft ?
Tom BELLION
22 sept.1 min de lecture


ASIATESCH RUNNEN
Vrun ee puer Méint huet de Gemengerot Schengen de Leit d'Méiglechkeet ginn, fir Näschter ze mellen an ewech maachen ze loossen. Meng Fro: wéi vill goufen der bis elo gemellt?
Tom BELLION
22 sept.1 min de lecture


BUDGET 2027 | PLANNING?
Wéi ass de Planning fir de Vote vum Budget 2027? Et hätt ee jo gäer, dass all d’Gemengeréit do sinn, huelen ech un?
Tom BELLION
22 sept.1 min de lecture


ËFFENTLECH AUSSCHREIWUNGEN
An der Presse liest een an der lescht alt, dass verschidde Gemengen sech net un d'Ausschreiwungsgesetz gehalen hunn. D'Gemeng Schengen ass am gaangen de Mega-Projet "Campus Baggerweier" ëmzesetzen, nieft allen anere Projeten déi am gaange sinn. Dofir wier et gutt, wann de Schäfferot géif confirméieren, dass d'Gesetzer ëmmer agehale ginn. An an engems informéiert, iwwert Fäll wou dat eventuell an dëser Mandatur net de Fall war.
Tom BELLION
22 sept.1 min de lecture


KIERCH VU WELLESCHTEN ENTWEIHEN?
Et rumouert ferme zu Welleschten ronderëm d'Iddi, fir d'Kierch engem weltlechen Zweck ze iwwerféieren. Dëst am Kader vun der Erneierung vum Duerfkär. An der Entrée vun der Kierch hänkt ee virulenten Appel dogéngt. Den Auteur ass leider net vermierkt. Politiker sollten ëmmer déi reliéis Iwwerzeegunge vun all Bierger respektéieren. An dofir muss ee matt de Leit schwätzen, nolauschteren a si opklären. D'Gemeng Schengen huet jo net manner wéi 8 Kierchen an eng Kapell. Dat ganzt f
Tom BELLION
20 sept.1 min de lecture
bottom of page