top of page
INITIATIVEN & PROPOSEN


1150 JOER SCHENGEN
1150 Joer Schengen. 2027 ass et esou wäit. Den Numm Schengen gouf am Joer 877 fir d'éischt schrëftlech mentionéiert. 2027 ginn et awer och 10 Joer, wou d'Duerf Schengen de Label du Patrimoine Européen dréit. Ass dat net een duebele Grond fir ze feieren? Meng Propose: Kommt mir maachen dat am September 2027 am Kader vun de Journées européennes du patrimoine.
Tom BELLION
4 oct.1 min de lecture


LÉIEREN DRÉCHEMAUERE BAUEN
Dréchemauere sinn ee wichtege Bestanddeel an eiser Landschaft a si erfëlle vill wichteg Funktiounen an der Natur. Dréchemauere bauen ass eng Handwierkskonscht an eng al Traditioun a ville Zivilisatiounen. Firwat net als Gemenge Schengen, an Zesummenaarbecht mam Gemengesyndikat SIAS, eng entspriechend Formatioun ubidden ? Ech si sécher, dass et do vill Interessente gëtt.
Tom BELLION
3 oct.1 min de lecture


REGIONALE MOBILITÉITSDËSCH
Mam "Jangeli" huet de Süd-Osten ee Stéck Geschicht geschriwwen. De Buergermeeschter vu Réimech huet kierzlech d'Iddi an d'Spill bruecht, fir den Tram an eis Regioun ze kréien. Dat wäert jo net esou schnell goen, dofir proposéieren ech mol fir e "Regionale Mobilitéitsdësch" an d'Liewen ze ruffen. Do kéinten d'Gemengen zesumme konkret Fuerderungen ausschaffe fir kuerzfristeg den Ëffentlechen Transport a Richtung Zentrum a Süden ze verbesseren an aner Mobilitéitsfroen #zesumm
Tom BELLION
2 oct.1 min de lecture


KIERCH VU WELLESCHTEN ENTWEIHEN?
Et rumouert ferme zu Welleschten ronderëm d'Iddi, fir d'Kierch engem weltlechen Zweck ze iwwerféieren. Dëst am Kader vun der Erneierung vum Duerfkär. An der Entrée vun der Kierch hänkt ee virulenten Appel dogéngt. Den Auteur ass leider net vermierkt. Politiker sollten ëmmer déi reliéis Iwwerzeegunge vun all Bierger respektéieren. An dofir muss ee matt de Leit schwätzen, nolauschteren a si opklären. D'Gemeng Schengen huet jo net manner wéi 8 Kierchen an eng Kapell. Dat ganzt f
Tom BELLION
20 sept.1 min de lecture


KI verantwortungsvoll notzen
Jo! Eisen Alldag ass ëmmer méi markéiert vum Gebrauch vu Kënstlecher Intelligenz (KI). Och am Gemengewiese wäerte méi a méi intelligent Instrumenter agesat ginn, fir den Déngscht um Bierger méi schnell a méi efficace ze organiséieren. Allerdéngs ginn et do och Geforen a Risiken. Do huet de Gemengerot eng grouss Verantwortung. Duerfir plaidéieren ech dofir, dass de Gemengerot Schengen sech Leitlinne fir den Ëmgang matt der KI gëtt. De Mënsch muss ëmmer Här vun der Situatioun b
Tom BELLION
17 sept.1 min de lecture


GUIDE DU CITOYEN
A ville Gemenge gëtt et ewell ee Guide du citoyen. Dat ass eng national Initiative am Kader vum "Vivre-ensemble". An dem Guide fënnt de Bierger (besonnesch deen neien) all néideg Informatiounen iwwert d'Gemeng, hier Servicer, d'Veräiner, d'Schoulen a.s.w.. Fir mech wier dat eng flott a sënnvoll Initiative fir eis Gemeng Schengen.
Tom BELLION
15 sept.1 min de lecture


FOKUS CAMPUS BAGGERWEIER - SUIVI
Meng Propositioun vum Mount Januar 2026 fir ee permanente Punkt "Fokus Campus Baggerweier" op Dagesuerdnung vum Gemengerot ze setzen ass bis elo net ëmgesat. Dofir dann elei formell eng Initiative, fir dass doriwwer geschwat gëtt am nächste Gemengerot. Kuckt och parallel meng schrëftlech Fro an dësem Zesummenhang.
Tom BELLION
29 août1 min de lecture


SCHENGEN - BISTRO ËNNERT DER BRÉCK ?
Trotz de besteeënde Geschäfter, Caféen, Restauranten a Wënzerstuffe feelt zu Schengen an Ëmgéigend eng Plaz beim Musée wou d'Visiteuren sech kennen erfrëschen a - firwat net - lokal Wäiner degustéieren. Hei mol d'Iddi fir deen eidele Bou ënnert der Bréck eppes anzeriichten. Natierlech misst dat mobil sinn, wéinst dem Héichwaasserrisiko.
Tom BELLION
7 juil.1 min de lecture


SCHENGEN TRËPPELTIER
Enn Juli gëtt de neie Ponton zu Schengen ageweit an dëst Joer feiert de Markusturm säin 90. Gebuertsdag. Laut dem Centre Européen Schengen kommen all Joers vill Visiteuren op Schengen. Fir hinnen et ze vereinfachen d'Duerf an d'Ëmgéigend ze entdecken, elei de Virschlag fir ee puer Trëppeltier auszeschëlderen. D'Theme leien op der Hand: Europa, Wäin a Gastronomie a Natur. Wat halt Dir vun der Iddi ?
Tom BELLION
5 juil.1 min de lecture


INTERESSEKONFLIKTER VERMEIDEN
Eng rezent Circulaire vum Inneminister suergt den Ament ënnert Lokalpolitiker fir munch Diskussiounen https://maint.gouvernement.lu/fr/circulaires/circulaires2026/circulaire-2026-052.html . D'Urteel an der Affaire Traversini hannerléisst seng Spueren, an eng gewëss Veronsécherung mécht sech breet. An der Circulaire weist den Inneminister op eng Rei juristesch Punkten an Interpretatiounen hin, déi d'Gemengepolitiker a - Personal sech sollten zu Häerz huelen. Dofir schéngt et m
Tom BELLION
4 juil.1 min de lecture


BIERGERVERSAMMLUNGEN
Vru laanger, laanger Zäit gouf et an iser Gemeen all Joer eng Biergerversammlung. Do hunn déi politesch Verantwortlech sech de Froen a Propositioune vun de Bierger am Dialog gestallt. Dat war ëmmer konstruktiv a flott an huet gehollef eis lokal Demokratie ze beliewen. Dofir meng Initiativ fir mol nees esou eng Biergerversammlung ze organiséieren. D'Halbzeit vun de Gemengerotsmandater bitt sech fërmlech un, fir déi gutt Traditioun nees opliewen ze loossen. Gesi mir eis am Hier
Tom BELLION
24 juin1 min de lecture


ESPLANADE DE L'EUROPE | EUROPEAN WALK OF FAME
Wéi dir wësst läit mir déi sozial, wirtschaftlech, touristesch a kulturell Entwécklung vun iser Gemeen Schengen, am Dialog mat den Awunner a Betriber, ganz vill um Häerz. Elei eng Iddi fir kuerzfristeg, ouni groussen Opwand, #zesummen weider an déi Richtung ze schaffen. Op mir de European Walk of Fame de 9. Mee 2027 aweien ? Wat wier dat flott!
Tom BELLION
10 juin1 min de lecture


DE BECH-MAACHER LEIT NOLAUSCHTEREN
Nom verlängerte Weekend vum 1. Mee wor dann elo iwwer Péngschten nees eng méi zu Bech-Maacher laanscht d'Musel lass. Jo, d'Ponts&Chaussées hunn 2 Container dohi gesat mat engem gewësse Succès. Zwou aner Suerge vun den Awunner goufen nach net ugaangen: de Kaméidi an d'Verkéierssituatioun. Menger Meenung no géif et héich Zäit gi, fir d'Bierger op eng Versammlung ze ruffe wou de Schäfferot säin Aktiounsplang virstellt an op d'Froen a Propositioune vun de Bierger ageet.
Tom BELLION
26 mai1 min de lecture


JUGENDGEMENGEROT SCHENGEN
Elei meng Initiativ fir ee Jugendgemengerot Schengen an d'Liewen ze ruffen. Ass et net wichteg, dass d'Jugend eng permanent a strukturéiert Plattform kritt, fir hier Wënsch an Iddien auszedrécken an dem Gemengerot ze ënnerbreeden? Et gi vill flott Beispiller am In- an Ausland wéi een dat kéint ugoen. D'Jugend ass d'Zukunft a soll hier Wuert matschwätze, wann et ëm d'Gestaltung vun der Gemeng geet. Do misst jo eng Unanimitéit vum Gemengerot dra sinn, oder net? Och wann de Schä
Tom BELLION
20 mai1 min de lecture


KULTURHAAPTSTAD 2035?
SCHENGEN huet alles fir Deel vun enger Kandidatur fir eng regional Europäesch Kulturhaaptstad 2035 ze ginn! Am Kader vun de Manifestatioune ronderëm den Europadag zu Schengen koum nees d’Iddi zur Sprooch, fir 2035 Deel vun enger Europäescher Kulturhaaptstad 20235 ze ginn. Ech hu mir dat ee bësschen duerch de Kapp goe gelooss, a mol ee Lieserbréif mat mengen Iwwerleeungen am Tageblatt publizéiert. Et misst ee méi wäit gräife wéi d’Musel an och d’Saar, grad wéi de Reseau Quat
Tom BELLION
15 mai1 min de lecture


FRELON ASIATIQUE
D'Regierung huet den 8. Abrëll ee Plan d'Action lancéiert fir géingt déi asiatesch Runne virzegoen . Dee Sujet hate mir kierzlech am Gemengerot Schengen an elei ass meng Propose fir als Gemeng Schengen d'Initiative vun der Regierung ze ënnerstëtzen. Dëst, wéi an aner Beräicher och, duerch een zousätzleche finanziellen Ureiz fir d'Leit ze motivéiere, fir matzemaachen.
Tom BELLION
9 avr.1 min de lecture


WUNNKOOPERATIV GEMENG SCHENGEN
Wunnkooperativen - ee Modell fir d'Zukunft! Kierzlech huet d'Chamber eestëmmeg eng Motioun vun der Ost-Deputéierter Paulette Lenert ugeholl, déi als Zil huet ee Kader fir Wunnkooperativen ze schafen. Domadder géif et een zousätzlecht Instrument gi, fir géingt Wunnengskris virzegoen a Wunnen zu abordabele Präisser ze erméiglechen. Meng Fro: ass Schengen net prädestinéiert fir an dem Domaine eng Virreiderroll ze spillen ? Well Schengen steet fir Zesummenaarbecht, Solidaritéit
Tom BELLION
2 avr.1 min de lecture


ËMFROEN
Kierzlech huet d'Gemeng d'Bierger gefrot fir bei enger Ëmfro zum Thema Sport matzemaachen. Vill Gemenge maache reegelméisseg Gebrauch vun dem Instrument, fir an engem partizipative Prozess d'Bierger ëm hier Meenung ze froen. Dofir hunn ech dës Initiativ ergraff fir op dem gudde Beispill vum Sport opzebauen a méi systematesch Sondagen ze organiséieren. Een éischte Sondage wier fir mech, fir mol de Prinzip vum Sondage ze hannerfroen. Fannen d'Leit dat iwwerhaapt nëtzlech a sën
Tom BELLION
1 avr.1 min de lecture


SCHENGEN TOURISM COUNCIL
Zanter der Ënnerschrëft vum Accord de Schengen (1985) ass "Schengen" ee Begrëff an der ganzer Welt. D'lescht Joer, zum 40. Anniversaire vun dem Event, si zu Schengen 18 Milliounen Euro investéiert ginn, fir verstäerkt Tourismus ze generéieren. Verschidden Acteure, wéi de "Centre Européen Schengen a.s.b.l.", den ORT Musel, Luxembourg for Tourism an de Luxembourg Convention Bureau setzen sech fir déi international Vermaartung an. Hei ass d'Propose, fir um kommunale Plang ee Com
Tom BELLION
30 mars1 min de lecture
![Syndicat intercommunal "Dräilännereck Musel Ganer" [16.3.2026]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_5acbf4875a3341dd8befb17a11b83808~mv2.png/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_35,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_5acbf4875a3341dd8befb17a11b83808~mv2.webp)
![Syndicat intercommunal "Dräilännereck Musel Ganer" [16.3.2026]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_5acbf4875a3341dd8befb17a11b83808~mv2.png/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_95,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_5acbf4875a3341dd8befb17a11b83808~mv2.webp)
Syndicat intercommunal "Dräilännereck Musel Ganer" [16.3.2026]
Munneref, Réimech a Schengen schaffen op enger Partie Dossieren zanter Joren efficace zesummen: Drénkwaasser, Ofwaasser, Maison des Jeunes, Tourismus, Office social commun, i3, a.s.w.. Meng Initiativ favoriséiert d'Schafung vun engem interkommunale Syndikat "Dräilännereck Musel Ganer" fir dës Zesummenaarbecht nach besser ze strukturéieren an ze koordinéieren. An eng nohalteg Visioun 2050 fir eisen Dräilännereck Musel Ganer auszeschaffen. Fënnt dës Iddi eng breet Zoustëmmung b
Tom BELLION
16 mars1 min de lecture
bottom of page