top of page
SCHRËFTLECH FROE


WEEKRAÏZER, KAPELLEN A MÉI
Weekräizer, Kapellen, Monumenter, Statuen, Grotten: et gi vill der Elementer, déi ee gewëssen historesch, kulturellen a touristesch Wäert hunn an eiser Gemeng. Mee wien ass eigentlech fir den Ënnerhalt zoustänneg ? Gemeng, Kierch, Privatleit,... ? Ginn et der déi klasséiert sinn oder misste ginn ?
Tom BELLION
il y a 12 heures1 min de lecture


RIEMESCHEN: KRÄIZWEE UM KREIZBERG
Den Hellege Vinzenz ass de Schutzpatréiner vun eise Wënzer. Ech war richteg schockéiert, wéi ech um Kreizberg zu Riemeschen den Zoustand vum Denkmal vun 1912 a vum Kräizwee a senge Statioune gesinn hunn. Et muss ee jo wëssen, dass eng Partie Wanderweeër do laanscht ginn: de nationale Musel Wanderwee, de nationale Wee vu Schengen op Helleng, déi zwee europäesch Kulturweeër "Vitis" an "Liberation Route Europe", grad wéi de Jakobswee an een Auto-Pédestre. D'Gemeng Schengen gëtt
Tom BELLION
il y a 2 jours1 min de lecture


KLIMAPAKT : WOU STEET SCHENGEN?
D'Gemeng Schengen ass zanter ee puer Joer Deel vum Klimapakt. Et goufe Fortschrëtter gemaach, mee wat sinn eis ganz konkret Ziler a politesch Ambitiounen? Si mir um Wee fir déi ze erreechen ? Wéini ass déi nächst Zertifikatioun a wéi ee Level wëlle mir erreechen. Elei meng Froen dozou un de Schäfferot.
Tom BELLION
29 sept.1 min de lecture


2035 BEZUELBAR WUNNEN AN DER GEMENG SCHENGEN
D'Wunnen zu abordabele Präisser: dat ass eng Suerg, déi all Gemengerot muss dreiwen. D'Jugend, d'Senioren an d'Leit déi et brauche mussen hei eng Offer gemaach kréien. Do féiert kee Wee do laanscht. An do ginn et jo eng Rei Instrumenter iwwert de Pacte Logement déi eng Gemeng kann notze fir selwer aktiv ze ginn. Dofir muss een den Iwwerbléck hunn iwwert de "Leerstand" a "Baulücken" an der Gemeng an och iwwert dat wat nach iwwert Bebauungspläng kënnt. An et muss een ee kloert
Tom BELLION
26 sept.1 min de lecture


ËFFENTLECH AUSSCHREIWUNGEN
An der Presse liest een an der lescht alt, dass verschidde Gemengen sech net un d'Ausschreiwungsgesetz gehalen hunn. D'Gemeng Schengen ass am gaangen de Mega-Projet "Campus Baggerweier" ëmzesetzen, nieft allen anere Projeten déi am gaange sinn. Dofir wier et gutt, wann de Schäfferot géif confirméieren, dass d'Gesetzer ëmmer agehale ginn. An an engems informéiert, iwwert Fäll wou dat eventuell an dëser Mandatur net de Fall war.
Tom BELLION
22 sept.1 min de lecture


KI an der Gemeng
Kënstlech Intelligenz an der Gemeng. Fir den 29. September 2026 hunn ech eng Resolutioun proposéiert, fir dem Gebrauch vu KI ee Kader ze ginn. Am Virfeld vun dem Debat hunn ech de Schäfferot ee puer Explikatioune gefroot, fir besser ze spiere, wou d'Gemeng Schengen an dem Beräich momentan drun ass a wéi d'Pläng fir d'Zukunft ausgesinn.
Tom BELLION
17 sept.1 min de lecture


ALARMSIREENEN
D'Aktualitéit verschount eis am Moment net. Kricher, Accidenter, Bëschbränn, Iwwerschwemmungen, Katastrophe sinn omnipresent an de Noriichten. All éischte Méinden am Mount ginn d'Alarmsireenen zu Lëtzebuerg getest. Meng Froen un de Schäfferot beschäftegen sech domadder, a wéi enge Fäll d'Sireenen ausgeléist ginn, a vu wiem. A wat d'Instruktiounen un d'Bierger sinn. Wéi reagéieren ech op wéi eng Zort vun Alarm ? Ech si mir scho bewosst, dass déi Saachen um nationalen Niveau ge
Tom BELLION
14 sept.1 min de lecture


MONUMENTER HEEGEN A FLEEGEN
Matt de Zeremonië ronderëm de 84. Joresdag wou d'Lëtzebuerger Jongen a Meedercher zwangsrekrutéiert goufe, gëtt een sech nees bewosst, wat si fir eist d'Land geleescht hunn. Dofir musse mir d'Erënnerung u si fleegen an heegen. Hei meng Fro un de Schäfferot zu der Place des enrôlés de force um Kierfecht zu Riemeschen an aner Monuments aux Morts uechtert eis Gemeng.
Tom BELLION
2 sept.1 min de lecture


CAMPUS BAGGERWEIER AM FOKUS
Am Januar 2026 hunn ech de Projet Campus Baggerweier no vill Iwwerleeë matgestëmmt. A menger Interventioun hunn ech deemools awer och gesot, dass dat kee Blankoscheck fir de Schäfferot wier. Dunn hunn ech och virgeschloe fir ee permanente Punkt "Fokus Campus Baggerweier" op der Dagesuerdnung vum Gemengerot hunn. Dat wor bis elo awer nach nie de Fall. Duerfir stellen ech elo mol d'Fro, wou de Projet drun ass. Besonnesch interessant ass natierlech ze wëssen, fir wéini deen éisc
Tom BELLION
29 août1 min de lecture


MOBILITÉITSWOCH 2026
D'Mobilitéit an eiser Gemeng ass ee wichtegt Thema an ass direkt un d'Liewensqualitéit an eisen Dierfer geknäppt. Wéi all Joer mécht de Mobilitéitsministere een Appell un d'Gemenge fir bei der europäescher Mobilitéitswoch am September matzemaachen. Fir d'Gemeng Schengen wier dat eng eng flott Geleeënheet fir zum Beispill mat de Nopeschgemengen aus Frankräich an Däitschland d'Verkéiersproblematik ronderëm d'Duerf Schengen ze thematiséieren a Léisungen opzezeechnen. Hunn mol en
Tom BELLION
17 août1 min de lecture


ELWENG - NEIE WEE LAANSCHT STROOSS
Ee neie Wee besteet zanter kuerzem laanscht Strooss vun Elweng a Richtung Ellenger-Gare. Op der Héicht vum Waassertuerm hält en op. Meng Fro : gett en nach verlängert bis an de Rond-Point, fir och do d'Sécherheet vun de Foussgänger ze verbesseren? Wéi ass et mat aner sensibele Plazen wéi zu Wentreng, Riemeschen a Schengen ?
Tom BELLION
13 août1 min de lecture


TAUPESCHWUES
Den Taupeschwues, eng Insel an der Musel, gehéiert zu menge Favoritte fir trëppelen ze goen, besonnesch bei deene warmen Temperaturen. Eng fonkelnei Bréck féiert elo op der Héicht vun der Zone artisanale dohinner. Ee puer honnert Meter méi wäit, a Richtung Hafen, ass dann eng Foussgängerbréck, déi och an d'Jore komm ass. Ass déi zou oder op ? Gëtt déi och renovéiert ? Dat si meng Froen un de Schäfferot.
Tom BELLION
13 août1 min de lecture


WEE UN ELWENG OP WENTRENG
U sech ass et ee flotte Wee, deen duerch de Bësch vun Elweng op Wëntreng féiert. Leider ass awer de Belag op ville Plaze futti a carrement geféierlech. Duerfir hunn ech mol beim Schäfferot gefrot, wéini do Remedur geschafe gëtt. Och misst d'Beschëlderung besser ginn, fir dass Leit sech net an der Natur verlafen, obwuel déi immens schéin ass an der Reserve Lamert ;-)
Tom BELLION
9 août1 min de lecture


BESTUEDEN A PACSEN
Zanter Januar 2026 ginn et 3 Plazen an der Gemeng Schengen fir sech ze bestueden oder fir ze pacsen. D'Gemeng zu Schengen, den Hochzäitskeller zu Bech-Maacher an d'Buvette zu Elweng. Wéi vill Zeremonien hunn dann iwwerhaapt an de leschten 3 Joer wou stattfonnt ?
Tom BELLION
6 août1 min de lecture


SCHANKLIZENZEN
Mir hu jo zum Gléck eng Partie Café'en a Restauranten an der Gemeng, grad wéi eng Rei Associatiounen a Clibb, déi Fester an Events organiséieren. An dem Kontext wollt ech Informatioune vum Schäfferot, wat d'Schanklizenzen ugeet.
Tom BELLION
27 juil.1 min de lecture


D'BICHERTHÉIK PLËNNERT
De Schäfferot huet decidéiert fir d'Bicherthéik vu Schwéidsbeng op Schengen an d'Kochhaus ze plënneren. Ufank dëses Mounts ass dat neit Bibliothéiksgesetz publizéiert ginn, dat Ufank Oktober a Kraaft trëtt. Dofir froen ech de Schäfferot, op doduerch de Projet muss geännert ginn, op en Retard kritt, respektiv op dat ee finanziellen Impakt, am Positiven oder am Negative, fir d'Gemeng Schengen matt sech bréngt ?
Tom BELLION
27 juil.1 min de lecture


NEIT VERKÉIERSREGLEMENT
Am Mäerz 2025 huet de Gemengerot dat neit Verkéiersreglement gestëmmt. Am Januar 2026 een Devis estimatif fir ronn 200.000,- € fir déi nei Beschëlderung an de Marquage op de Stroossen. Wou steet de Schäfferot an der Ëmsetzung vun dem wichtege Projet ? Firwat dauert dat esou laang ?
Tom BELLION
10 juil.1 min de lecture


VAKANZENJOB 2026
D'Schoulvakanze sti vrun der Dir oder si schonn am gaangen. All Joer offréiert eis Gemeng eng Partie Vakanzenjobs. Ech hu mech gefrot: wéi vill Demanden eigentlech erakomm si fir 2026 wéi vill Kontrakter gemaach goufen wéini a wéi déi Jonk informéiert goufe, déi net zréckbehale goufen no wéi enge Krittären d'Selektioun gemaach gouf.
Tom BELLION
10 juil.1 min de lecture


MOIEN! - DAG VUN DER LËTZBUERGER SPROOCH
De 26. September 2026 ass landeswäit den "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch". An eiser Gemeng wunne ronn een Drëttel Leit, déi aus allen Häre Länner kommen. Dat ass sécherlech eng Beräicherung vun eiser Kultur. De Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch, och wann et am Ufank nëmmen ee puer Wierder sinn, kann zu engem gudden Zesummeliewe bäidroen. Dofir hunn ech mir erlaabt ze froen, wat de Schäfferot konkret virgesäit, fir dass eis Gemeng Schengen den Dag net ee wäisse Fleck op
Tom BELLION
19 juin1 min de lecture


GESETZ VU 1994 ?
Am leschte Gemengerot gouf alt nees länger iwwert déi onglécklech Situatioun zu Bech-Maacher op der Esplanage geschwaat. Ee puer Deeg méi spéit ass mir zu Bech-Maacher laanscht de Bamléierpad ee Schëld opgefall, wat den "Dépôt d'ordures" no engem Gesetz vun 1994 verbidd. Ech hunn dem Schäfferot d'Fro gestallt, op dat Schëld nach aktuell ass ?
Tom BELLION
7 juin1 min de lecture
bottom of page