top of page
MËNDLECH FROE


WAASSERSCHAPP RIEMESCHEN
Ass de Bau fãerdeg an ofgeholl? Da kéint jo de Panneau am Bréicherwee ewech kommen?
Tom BELLION
27 sept.1 min de lecture


CAMPUS BAGGERWEIER | KLIMATISATIOUN VERGIESS?
D'Gesondheet an d'Wuelbefanne vun der Schüler, dem Léierpersonal an all anere Persounen déi um zukünftege Site aktiv sinn, si mir ganz wichteg. Matt groussem Erstaune gesinn ech op der Dagesuerdnung ee Punkt fir eng Klimatisatioun um Campus Baggerweier. Käschtepunkt: 2,5 Milliounen Euro. Zousätzlech zu den 121 Milliounen déi scho votéiert goufen. Hei een Ufank vu Froen déi sech mir an dem Kontext stellen.
Tom BELLION
27 sept.1 min de lecture


STEEGÄERT NEES BEGRÉNGEN
Zanter Mee 2025 ginn et Subside fir Steegäert nees ze begréngen. Wéi vill goufen der bis elo ugefrot/accordéiert?
Tom BELLION
22 sept.1 min de lecture


FUTTBALL HANNERT DER SCHOUL?
De Gemengerot Welleschten hat nach vrun der Fusioun ee Futtballterrain hannert der Schoul zu Bech-Maacher amenagéiert. Et gesäit net aus wéi wann deen nach gebraucht géif. Firwat?
Tom BELLION
22 sept.1 min de lecture


NOPESCHSTRÄIT SCHLICHTEN
Ee Sträit mam Noper bäileeë? Zanter Januar bitt d'Gemeng de Service gratis un. Gouf schonn drop zréck gegraff? Wéi oft ?
Tom BELLION
22 sept.1 min de lecture


ASIATESCH RUNNEN
Vrun ee puer Méint huet de Gemengerot Schengen de Leit d'Méiglechkeet ginn, fir Näschter ze mellen an ewech maachen ze loossen. Meng Fro: wéi vill goufen der bis elo gemellt?
Tom BELLION
22 sept.1 min de lecture


BUDGET 2027 | PLANNING?
Wéi ass de Planning fir de Vote vum Budget 2027? Et hätt ee jo gäer, dass all d’Gemengeréit do sinn, huelen ech un?
Tom BELLION
22 sept.1 min de lecture


BUSLINN 432 - WELLESCHTEN ?
De Bus 432 verbënnt 8 Uertschafte (ausser Welleschten) vun der Gemeng Schengen ënnereneen a mat Munneref a Réimech. Vrun enger Zäit hat ech proposéiert, fir och Welleschten anzebannen. Da brauchen d'Leit net méi zu Bech-Maacher de Bus ze wiessele, wann si z.B. op Schwéidsbeng, Riemeschen oder Schengen wëlle fuere. Wou sti mir an dem Dossier ?
Tom BELLION
24 août1 min de lecture


SCHENGEN - PAS DE PASSAGE?
Zu Schengen gëtt et ee Passage fir Foussgänger. Dee schéngt zou ze sinn. Firwat eigentlech, froen sech d'Bierger ?
Tom BELLION
24 août1 min de lecture


BECH-MAACHER - VUE IMPRENABLE ?
Um Quai zu Bech-Maacher sti véier Bänken. Mam Réck zur N10 mat vill Verkéier. Stinn déi gutt do ? Wien mécht den Entretien a suergt fir eng Vue imprenable ?
Tom BELLION
24 août1 min de lecture


BEETER LAANSCHT STROOSS
An der Entrée vu Welleschten, vum Scheierbierg erof, sinn d'Beeter prächteg ugeluecht ginn. 50 Meter méi erof sinn nach 3 Beeter déi net verschéinert goufe. D'Leit froen sech firwat?
Tom BELLION
24 août1 min de lecture


BBQ LANE ZU BECH-MAACHER ?
De Weekend vum 1. Mee, waren d'Awunner vu Bech-Maacher nees Opfer vum Succès vun hirer schéiner Esplanade. Firwat et esou weider lafe loossen? Et weess ee jo, dass et keng Wonnerléisung gëtt. Mee drop beharren, dass et den Terrain vun der Ponts&Chaussées ass, respektiv keng Poubelle dohistellen ass och net d'Léisung. Et muss ee jo fairerweis soen, dass d'Leit, faute de mieux, hier Tuten all schéin op ee Koup tässele, wéi et schéngt. Firwat net mol luusse, wéi en änleche Probl
Tom BELLION
4 mai1 min de lecture


GRILL VERGIESS ... EE NEIEN TREND?
Mam gudde Wieder ass zu Bech-Maacher laanscht d'Musel d'Grillsaison nees ugaang. Dënschdes moies huet een nach Relikten um Bord vum Waasser fonnt ... Dat wäert jo hoffentlech keen neien Trend ginn ... ?
Tom BELLION
11 avr.1 min de lecture


MOARENÄCKER : STROOSS FLECKEN
Zanter enger gewësser Zäit senkt d'Strooss sech am Moarenäcker zu Welleschten. D'Awunner froen sech, ob a wéini do ausgebessert gëtt, ier de Schued an d'Gefor nach méi grouss ginn ?
Tom BELLION
11 avr.1 min de lecture


MIR GI KLIBBEREN
Eng gutt Saach fir d'éischt. Fir d'Liichte, d'Klibberen an de Schoulufank stellt eis Gemeng extra Schëlder op, fir op d'Kanner opmierksam ze maachen. Hei ass meng Suggestioun fir de Kannergemengerot ze beoptragen, fir mat de Schoule fir d'Rentrée 2027 nei Schëlder ze m olen ? Da wier dat ganzt bestëmmt iergendwéi méi lieweg a méi flott, wéi an aner Gemengen ze gesinn ass ? Wat mengt Dir ?
Tom BELLION
11 avr.1 min de lecture


BLO SÄCK OPHÄNKEN ?
An der Zeitung wor ze liesen, dass eng Rei Gemengen dozou iwwerginn, fir un de Luuchtepottoen eng Halterung fir blo Säck unzebréngen. Domadder géifen déi dann net méi fräi am Raum leien an sech bei Wand selbststänneg maachen. Dat wier dach och een Thema fir eis Ëmweltkommissioun, oder net ?
Tom BELLION
11 avr.1 min de lecture
![[ K ] ENG POUBELLE DÉI FEELT ?](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_935c9254bb704694a4ae0d4518d64b9f~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_935c9254bb704694a4ae0d4518d64b9f~mv2.webp)
![[ K ] ENG POUBELLE DÉI FEELT ?](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_935c9254bb704694a4ae0d4518d64b9f~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_935c9254bb704694a4ae0d4518d64b9f~mv2.webp)
[ K ] ENG POUBELLE DÉI FEELT ?
Beim Rond-Point zu Schengen/Remerschen ass eng kleng Plaz wou mol ëfters Leit sti fir hier Paus ze maachen an eppes ze iessen. Do ass keng Poubelle. Heescht dat, dass d'Leit sollen hire Knascht mathuelen, oder gëtt et eng aner Ursaach ?
Tom BELLION
26 mars1 min de lecture


DIXI UM PARKING?
Wéi de "Kiss & Go" bei der Schoul zu Bech-Maacher amenagéiert gouf, gouf do eng Chantier-Toilette deposéiert. Dat ass jo richteg esou. Mee firwat steet déi nach ëmmer do (Stand 23.3.26) ?
Tom BELLION
26 mars1 min de lecture


VERKÉIERSSÉCHERHEET ?
Zanter ee puer Joer entwéckelt sech d'Bléi vun eise schéine Beem zu engem richtegen Hype an d'Tendenz geet a Richtung "Over-Tourism" mat Momenter. Och wa jidderee fir sech responsabel ass am Stroosseverkéier, misst d'Gemeng an/oder Ponts&Chaussées net op d'mannst orange Hittercher dohinner stelle wärend den Deeg vun der Bléi? Ass een Ongléck nët séier geschitt ... besonnesch op esou enger oniwwersichtlecher Plaz mat esou vill Verkéier?
Tom BELLION
26 mars1 min de lecture


BOSSEG BOSSEN ZU WELLESCHTEN
Verkéiersberouegung jo! Awer wéi ? Als Gemengerot gëtt een alt mol och op « Bosseg Bossen » ugeschwat. Zu Welleschten ginn et mëttlerweil 3 Varianten an engem Ëmkrees vun ee puer honnert Meter. Bei der Variant 1 ass et fir Wéngertstraktere méiglech, duerch d’Mëtt ze fueren. Bei der Variant 2 kenne geschéckt Automobilisten sech laanscht drécken. Bei der Variant 3 sinn all Gefierer gefuerdert. Ee Konzept ass net direkt ersiichtlech. Deemno wou ee wunnt oder fiert kënnt een
Tom BELLION
26 mars1 min de lecture
bottom of page