BBQ LANE ZU BECH-MAACHER ?
- Tom BELLION
- 4 mai
- 1 min de lecture
De Weekend vum 1. Mee, waren d'Awunner vu Bech-Maacher nees Opfer vum Succès vun hirer schéiner Esplanade.
Firwat et esou weider lafe loossen?
Et weess ee jo, dass et keng Wonnerléisung gëtt. Mee drop beharren, dass et den Terrain vun der Ponts&Chaussées ass, respektiv keng Poubelle dohistellen ass och net d'Léisung.
Et muss ee jo fairerweis soen, dass d'Leit, faute de mieux, hier Tuten all schéin op ee Koup tässele, wéi et schéngt.
Firwat net mol luusse, wéi en änleche Problem zu Luzern (CH) ugepaakt gëtt ? Dat wor meng Suggestioun vrun 2 Joer ...
Hei muss een d'Saach upaken. Am richtege Sënn vum Wuert. Och Samsdes, Sonndes an d'Feierdeeg.




Commentaires