top of page

SCHENGEN

CYBER-ATTACKEN AN ANER ARNAQUEN

il y a 5 jours
1 min de lecture

D'lescht Woch huet d'Programméiersprooch PHP d'Welt an Otem gehalen a munch Institutiounen hu misste ganz kuerzfristeg Up-Dates vun hiren Internetsäite maachen.


  • Wéi wor dat eigentlech bei eis zu Schengen?

  • Sinn d'Donnéeë vun der Gemeng an de Bierger esou geschützt, dass se net kenne geklaut ginn?

  • Sinn Gemengefinanze genuch geschützt géingt potentiell Detournementer vun ëffentleche Gelder?

  • Wéi ginn dës Risiken bewäert?


Kierzlech huet den Inneministère eng Circulaire un d'Gemengen geschéckt fir si op den Ëmgang mat der "Arnaque au président" präventiv virzebereeden, respektiv matt konkreten Handlungsvirschléi, wann dee Risiko sech géif realiséieren.




Dës Risiken dierf een als Gemengerot guer net op déi liicht Schëller huelen an et soll een sech vergewësseren, ob eis Gemeng an deene Fäll beschtens opgestallt ass. Dofir meng Froen un de Schäfferot.


Commentaires


bottom of page