DE BECH-MAACHER LEIT NOLAUSCHTEREN
Nom verlängerte Weekend vum 1. Mee wor dann elo iwwer Péngschten nees eng méi zu Bech-Maacher laanscht d'Musel lass.
Jo, d'Ponts&Chaussées hunn 2 Container dohi gesat mat engem gewësse Succès.
Zwou aner Suerge vun den Awunner goufen nach net ugaangen: de Kaméidi an d'Verkéierssituatioun. Menger Meenung no géif et héich Zäit gi, fir d'Bierger op eng Versammlung ze ruffe wou de Schäfferot säin Aktiounsplang virstellt an op d'Froen a Propositioune vun de Bierger ageet.




Commentaires