FOKUS CAMPUS BAGGERWEIER [22.1.2026]
- Tom BELLION
- 22 janv.
- 1 min de lecture
De 27. Januar 2026 wäert de Gemengerot Schengen wahrscheinlech mat enger grousser Majoritéit fir de Projet détaillé définitif "Campus Baggerweier" stëmmen.
Dono geet dann déi politesch Aarbecht weider. D'Gemengeréit sinn ab elo an hirer Kontrollfunktioun gefuerdert fir d'Ausféierung ze suivéiere. An dem Kontext hunn ech d'Propositioun eraginn, fir an Zukunft ee permanente Punkt "Fokus Campus Baggerweier" um Ordre du jour vum Gemengerot ze hunn. Do kéinten dann d'Gemengeréit hier Froe stellen, an de Schäfferot reeegelméisseg Informatioune iwwert d'Ëmsetzung vum Projet ginn.
Wier dat net eng gutt Iddi am Sënn vun Transparenz a Biergerinformatioun ronderëm ee Projet dee mindestens 122 Milliounen Euro wäert kaschten ?




Commentaires