top of page

SCHENGEN

INITIATIV #21 | ORDRE DU JOUR VUM GEMENGEROT [1.11.2025]

Wëssen d'Bierger:inne eigentlech, dass d'Gemengeconseillere, besonnesch déi vun der Oppositioun, vill Froen eraginn ? Fir mäin Deel sinn et 14 schrëftlecher an 28 mëndlecher zanter dem Mount Juli 2025.


Normalerweis de leschte Punkt um Ordre du jour vun de Sitzungen "Questions posées par les conseillers au collège des bourgmester et échevins".

Leider ass et esou, dass déi bis dato keen Nidderschlag am Resumé fannen, deen am Gemengebuet publizéiert gëtt. Dat ass schued, well esou een Deel vun den Diskussiounen an en Deel vun Transparenz ënnert den Dësch falen.


Dofir froen ech elo, am Sënn vun alle Conseillere, déi sech Aarbecht am Déngscht vum Bierger maache, fir dass am Punkt "Questions posées ..." d'Froen, déi virdrun agereecht goufen, och opgezielt ginn. Op dat d'Zoustëmmung am Gemengerot fënnt ?

ree



Commentaires


bottom of page