KIERCH VU WELLESCHTEN ENTWEIHEN?
Et rumouert ferme zu Welleschten ronderëm d'Iddi, fir d'Kierch engem weltlechen Zweck ze iwwerféieren. Dëst am Kader vun der Erneierung vum Duerfkär.
An der Entrée vun der Kierch hänkt ee virulenten Appel dogéngt. Den Auteur ass leider net vermierkt. Politiker sollten ëmmer déi reliéis Iwwerzeegunge vun all Bierger respektéieren. An dofir muss ee matt de Leit schwätzen, nolauschteren a si opklären.
D'Gemeng Schengen huet jo net manner wéi 8 Kierchen an eng Kapell. Dat ganzt fir knapp 5.300 Awunner.
Dofir fuerderen ech eng Orientatiounsdebatt am nächste Gemengerot zu dem héich sensibele Sujet.
Et brauch ee Gesamtkonzept an een oppenen Dialog. De Schäfferot sollt hei net de Bulldozer huele.




Commentaires