KULTURHAAPTSTAD 2035?
- Tom BELLION
- 15 mai
- 1 min de lecture
SCHENGEN huet alles fir Deel vun enger Kandidatur fir eng regional Europäesch Kulturhaaptstad 2035 ze ginn!
Am Kader vun de Manifestatioune ronderëm den Europadag zu Schengen koum nees d’Iddi zur Sprooch, fir 2035 Deel vun enger Europäescher Kulturhaaptstad 20235 ze ginn.
Ech hu mir dat ee bësschen duerch de Kapp goe gelooss, a mol ee Lieserbréif mat mengen Iwwerleeungen am Tageblatt publizéiert. Et misst ee méi wäit gräife wéi d’Musel an och d’Saar, grad wéi de Reseau Quattropole (Lëtzebuerg, Tréier, Metz, Saarbrécken) motivéiere fir matt ze maachen.
Hei ass dann och meng Motioun zu dësem wichtegen an zukunftsbestëmmenden Thema, déi ech fir déi nächst Gemengerotssitzung agereecht hunn.
Do misst jo eng Unanimitéit am Gemengerot dra sinn, oder net ?




Commentaires