OEKOSTROUM BOERMERENG: EMWELT- AN ENERGIEKOMMISSIOUN?
- Tom BELLION
- il y a 6 jours
- 1 min de lecture
EEN AVIS VUN DER ENERGIEKOMMISSIOUN WIER HËLLEFRÄICH
Nodeems et eng Informatiounsversammlung de 17. Dezember gouf an ech d’Thema nach eemol am Gemengerot den 23. Dezember bruecht hat, sinn ech a gudde Gespréicher matt interesséiert Bierger op follgend Froen opmierksam ginn:
Vu wéini un, an a wéi enger Form wäert d'Gemeng Schengen sech als potenzielle groussen Akeefer fir d'Elektresch dat vum geplangte Wandpark produzéiert wäert gi, interesséieren ?
Vu wéini un, an a wéi enger Form kënnen interesséiert Bierger an/oder bestoend oder nei gegrënnten Energiekooperativen um Projet deelhuelen?
Kënnen d'Bierger an d’Betriber vun der Gemeng Schengen reduzéiert Tariffer fir d'Elektricitéit erwaarden, wann de Wandpark bis a Betrib ass?
A Betruechtung vun den annoncéierte Produktiounscapacitéiten: Ass et nach interessant fir d'Gemeng Schengen, souwéi fir d'Privatpersounen an d'Entreprise vun den Uertschafte Boermereng, Éimereng, Elweng an doriwwer eraus, kollektiv oder individuell an aner Quelle vun erneierbaren Energien ze investéieren?
Am Sënn vun der Participatioun ass ët d’Iddi fir d’Spezialiste vun eiser Ëmwelt- an Energiekommissioun ze froe, fir eng fachlech Analys ze maachen an dem Gemengerot zäitno hiren Avis virzeleeën. Dat wier menger Meenung no eng exzellent Basis fir déi politesch Decisiounen, déi fréier oder spéider vum Gemengerot ze huele sinn.



![INITIATIV #22 | BENEVOLAT [1.11.2025]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_92bde75fdce7418dbc638c97a765a851~mv2.jpg/v1/fill/w_980,h_980,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_92bde75fdce7418dbc638c97a765a851~mv2.jpg)
Commentaires