top of page

SCHENGEN

Ofwaasser - Wat leeft am Kanal?

D'Regierung lancéiert eng grouss Sensibiliséierungscampagne ronderëm ' Thema "Ofwaasser" a riicht een Appell un d'Gemenge fir matzemaachen.


Dat ass ee wichtegt kommunalt Thema, an dofir hunn ech dem Schäfferot eng Rei Froe gestallt wat

1) de Suivi vun den Analysen ugeet an

2) ob a wéi d'Gemeng wëllt d'Initiativ vun der Regierung proaktiv ënnerstëtzen.


Si gespaant, wéini a wéi eng Äntwerte kommen. Zanter Ufank Mäerz sollen déi jo och um Site vun der Gemeng verëffentlecht ginn. Dat ass natierlech ee PLUS fir d'Bierger an dofir kann een dem Schäfferot nëmme Merci soen.




Commentaires


bottom of page