top of page

SCHENGEN

PASSERELLE DU CINQUANTENAIRE | Initiative #23

EE NEIE TOURISTESCHE POINT D’ATTRACTION AM DRÄILÄNNERECK


Tourismus an Europa leie mir besonnesch um Häerz. Dofir hunn ech d’Initiativ eragi, fir iwwert de 5-Joresplang fir touristesch Infrastrukturen ee Concours d’idées ze organiséieren an eng Etude de faisabilité ze maachen.


An ëm wat geet et konkret? Ma d’Iddi ass,  fir Tourismus an Europa ze verbannen an eng zousätzlech grenziwwerschreitend touristesch Attraktioun am Dräilännereck unzebidden. Dëst ënnert der Form vun enger Passerelle mat dräi Ärem déi géifen Opech, Pierel a Schengen matenee verbannen. Ech hunn se elo mol “Passerelle du Cinquantenaire” gedeeft, matt der Iddi, dass se géif fir de 50. Anniversaire vum Accord de Schengen am Joer 2035 ageweit ginn. Esou ee Projet brauch seng Zäit, vun der Iddi, iwwert d’Planung a bis d’Realisatioun, besonnesch an engem internationale Kontext. 9 Joer sinn do net ze kuerz gegraff.

Commentaires


bottom of page