RIEMESCHEN: KRÄIZWEE UM KREIZBERG
Den Hellege Vinzenz ass de Schutzpatréiner vun eise Wënzer.
Ech war richteg schockéiert, wéi ech um Kreizberg zu Riemeschen den Zoustand vum Denkmal vun 1912 a vum Kräizwee a senge Statioune gesinn hunn.
Et muss ee jo wëssen, dass eng Partie Wanderweeër do laanscht ginn: de nationale Musel Wanderwee, de nationale Wee vu Schengen op Helleng, déi zwee europäesch Kulturweeër "Vitis" an "Liberation Route Europe", grad wéi de Jakobswee an een Auto-Pédestre.
D'Gemeng Schengen gëtt do wierklech kee gutt Bild of, an dobäi wëlle mir jo awer den Tourismus fërderen.
Duerfir meng Froen un de Schäfferot fir ze kucken, ob a wéi een déi bedauerlech Situatioun séier kéint verbesseren.




Commentaires