top of page

SCHENGEN

SCHENGEN TOURISM COUNCIL

Dernière mise à jour : 9 avr.



Zanter der Ënnerschrëft vum Accord de Schengen (1985) ass "Schengen" ee Begrëff an der ganzer Welt.


D'lescht Joer, zum 40. Anniversaire vun dem Event, si zu Schengen 18 Milliounen Euro investéiert ginn, fir verstäerkt Tourismus ze generéieren.


Verschidden Acteure, wéi de "Centre Européen Schengen a.s.b.l.", den ORT Musel, Luxembourg for Tourism an de Luxembourg Convention Bureau setzen sech fir déi international Vermaartung an.


Hei ass d'Propose, fir um kommunale Plang ee Comité op begrenzte Zäit anzesetzen dee soll eng Visioun a Strategie ausschaffen, fir de Numm Schengen nach méi bewosst ze gebrauchen fir d'Gemeng touristesch nach besser opzestellen. Dat kéim jidderengem ze gutt, de Wënzer, der Hôtellerie a Gastronomie, de Geschäfter an et géif vläit déi eng oder aner Aarbechtsplaz geschafe ginn. Natierlech muss een eng nohalteg a partizipativ Approche wielen an dat am regionale Kontext gesinn. Dat misst jo am Fong jidderee gutt a sënnvoll fannen, oder net ? Ech freeë mech op een interessanten Austausch dozou.


Commentaires


bottom of page