top of page

SCHENGEN

#schengeniscycling

Dernière mise à jour : 17 janv.

No Récksprooch mat dem engen oder anere passionéierte Vëlosfuerer aus eiser Gemeng huelen ech d'Initiative, fir eventuell ee kommunalt Netz vu Vëloswéer auszeweisen. Et geet net drëms fir nei Vëlospisten ze schafe, mee déi besteeënd Stroosse, Feldwéer, Bëschwéer, Wéngertswéer a.s.w. ze beschëlderen. Natierlech am Respekt vun iise Wënzer a Baueren hierer Aarbecht. Dat wier flott fir déi lokal douce Mobilitéit ze fërderen, an de Visiteure flott Tier unzebidden. D'Iddi wier et elo mol, déi verschidde potentiell Partner zesummen ze bréngen an driwwer nozedenken.



Commentaires


bottom of page