WUNNKOOPERATIV GEMENG SCHENGEN
- Tom BELLION
- 2 avr.
- 1 min de lecture

Wunnkooperativen - ee Modell fir d'Zukunft!
Kierzlech huet d'Chamber eestëmmeg eng Motioun vun der Ost-Deputéierter Paulette Lenert ugeholl, déi als Zil huet ee Kader fir Wunnkooperativen ze schafen.
Domadder géif et een zousätzlecht Instrument gi, fir géingt Wunnengskris virzegoen a Wunnen zu abordabele Präisser ze erméiglechen.
Meng Fro: ass Schengen net prädestinéiert fir an dem Domaine eng Virreiderroll ze spillen ? Well Schengen steet fir Zesummenaarbecht, Solidaritéit an Oppenheet.
A Kooperativen hunn eng grouss Traditioun hei an iser Wënzergemeen : Vinsmoselle, Raiffeisen, Helikoptergenossenschaften a, méi rezent, privat Energiekooperative si jo schliisslech en Deel vun eiser DNA.
Meng Initiativ ziilt drop of, fir eng Orientatiouns-Debatt am Gemengerot ze féiere fir ze kucken, ob a wéi mir kéinten am éischte Peloton matfueren.



Commentaires