top of page

SCHENGEN

ÄNTWERT: SCHENGI STATISTIK


De Schengi dréit seng Ronnen an der Gemeng an doriwwer eraus.

Laut Ausso vum Schäfferot ass dee Service gutt ugeholl vun de Bierger. Detailer gëtt et awer guer keng, well dat ze vill Opwand wier. Dont acte.


Meng Fro viséiert absolut guer net, fir dee Service a Fro ze stellen, well sécher eng Partie Matbierger drop ugewise sinn.


Fakten: Am Joer 2025 a bei 2.381 Course, wieren dat der an der Moyenne 8 

pro Dag. A bei engem Joresbudget vun 133.715,22 € sinn dat ronn 56 Euro pro Course. Wann de Bus all kéier voll ass, sinn dat knapp 5 bis 6 € op de Kapp.


Schwéngt an den Äntwerten ee gewëssen Ënnertoun matt ["comme vous deviez le savoir"], deen net immens respektvoll ass?


Laut Gemengegesetz hunn d'Gemengeréit jo awer d'Recht Froen ze stellen. Well iwwert dëse Wee kréien déi interesséiert Bierger een Abléck a verschidde Sujeten a si besser informéiert.






Commentaires


bottom of page