top of page

SCHENGEN

ËMFROEN



Kierzlech huet d'Gemeng d'Bierger gefrot fir bei enger Ëmfro  zum Thema Sport matzemaachen.


Vill Gemenge maache reegelméisseg Gebrauch vun dem Instrument, fir an engem partizipative Prozess d'Bierger ëm hier Meenung ze froen.


Dofir hunn ech dës Initiativ ergraff fir op dem gudde Beispill vum Sport opzebauen a méi systematesch Sondagen ze organiséieren.


Een éischte Sondage wier fir mech, fir mol de Prinzip vum Sondage ze hannerfroen. Fannen d'Leit dat iwwerhaapt nëtzlech a sënnvoll ? Wéi eng Theme sollen iwwert dëse Wee hannerfrot ginn? Wéi oft kann een de Leit esou ee Sondage zoumudden ? Jee, eng Abberzuel vu Froen an ech freeë mech schonn op d'Diskussioun am Schenger Gemengerot.



Commentaires


bottom of page