top of page


REGIONALE MOBILITÉITSDËSCH
Mam "Jangeli" huet de Süd-Osten ee Stéck Geschicht geschriwwen. De Buergermeeschter vu Réimech huet kierzlech d'Iddi an d'Spill bruecht, fir den Tram an eis Regioun ze kréien. Dat wäert jo net esou schnell goen, dofir proposéieren ech mol fir e "Regionale Mobilitéitsdësch" an d'Liewen ze ruffen. Do kéinten d'Gemengen zesumme konkret Fuerderungen ausschaffe fir kuerzfristeg den Ëffentlechen Transport a Richtung Zentrum a Süden ze verbesseren an aner Mobilitéitsfroen #zesumm
Tom BELLION
2 oct.1 min de lecture
![SCHENGEN TIMES #35 [19.9.26]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_7e08e7862dad47acb45ac6eca79c25db~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_7e08e7862dad47acb45ac6eca79c25db~mv2.webp)
![SCHENGEN TIMES #35 [19.9.26]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_7e08e7862dad47acb45ac6eca79c25db~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_7e08e7862dad47acb45ac6eca79c25db~mv2.webp)
SCHENGEN TIMES #35 [19.9.26]
Merci, dass Dir meng Newsletter SCHENGEN TIMES abonéiert hutt. Iwwert dëse Wee informéieren ech iech reegelméisseg iwwert meng politesch Aarbecht am Gemengerot zu Schengen. Drauwelies 2026 ass geschwë fäerdeg. Jo, et hätte kenne méi sinn, mee d'Wënzer si mat der Qualitéit zefridden. An zu Schengen lafen Iwwerleeungen, fir d'Hunnefeier ab 2027 am Ufank Oktober ze maachen, also éischter wéi gewinnt. Hei ass déi neisten Ausgab vun der Schengen Times [#35] Matt Bléck op d
Tom BELLION
19 sept.1 min de lecture


ESPLANADE DE L'EUROPE | EUROPEAN WALK OF FAME
Wéi dir wësst läit mir déi sozial, wirtschaftlech, touristesch a kulturell Entwécklung vun iser Gemeen Schengen, am Dialog mat den Awunner a Betriber, ganz vill um Häerz. Elei eng Iddi fir kuerzfristeg, ouni groussen Opwand, #zesummen weider an déi Richtung ze schaffen. Op mir de European Walk of Fame de 9. Mee 2027 aweien ? Wat wier dat flott!
Tom BELLION
10 juin1 min de lecture
![SCHENGEN TIMES #28 [15.5.2026]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_b61847e3bf9446e78bfeddcdcf9eeaa7~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_b61847e3bf9446e78bfeddcdcf9eeaa7~mv2.webp)
![SCHENGEN TIMES #28 [15.5.2026]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_b61847e3bf9446e78bfeddcdcf9eeaa7~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_b61847e3bf9446e78bfeddcdcf9eeaa7~mv2.webp)
SCHENGEN TIMES #28 [15.5.2026]
Hei ass déi 28. Editioun vun der SCHENGEN TIMES. Dëss Kéier folgend Themen: Meng Initiativ: Kulturhaaptstad 2035 Esplanade zu Bech-Maacher ? D’Medien hunn et opgegraff an thematiséiert: L’essentiel, Tageblatt, Wort a Virgule, D’Äntwerten op meng Fro vum 4. Mee 2026 un de Schäfferot si zimlech explizit. Europa lebt: Wenn Grenzen verbinden: D’Initiativ vun der LSAP DRÄILÄNNERECK fir #zesummen mat der SPD Perl/Saar eng Table-ronde um Virowend vum Europadag ze organiséiere wor
Tom BELLION
15 mai1 min de lecture


EUROPA LEBT: WENN GRENZEN VERBINDEN
8. Mee 2026 | Europa lebt: Wenn Grenzen verbinden D'LSAP Dräilännereck organiséiert #zesummen mat der SPD Perl/Saarland eng interessant table ronde um Schëff Prinzessin Marie-Astrid Europa. Et huelen Deel: Paulette LENERT (Moderatrice), Tilly METZ (Europadeputéiert), Marc ANGEL (Europadeputéierten), Jo LEINEN (Europadeputéierten a.d.), Ralf UHLENBRUCH (Buergermeeschter Pierel), Jacques SITZ (Buergermeeschter Réimech) a Michel GLODEN (Buergermeeschter Schengen). D'Plaze si l
Tom BELLION
18 avr.1 min de lecture


MENG GEMENG LIEFT SPORT
D’Sporstministesch huet kierzlech een Appel un d’Gemenge lancéiert fir Projeten am Sportberäich eranzereechen. Meng Suggestioun un de Schäfferot ass et, fir deen Appel un d’Bierger, Veräiner a Kommissioune weiderzeginn. Iwwert dee partizipative Wee komme bestëmmt flott Iddien #zesummen an déi eis Gemeng Punkto Beweegung weiderbréngen.
Tom BELLION
27 mars1 min de lecture
![Initiativ #17 [22.10.2025] Report-It Bilan](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_70ce01c0a84a4cdea5a6225b0ee95181~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_70ce01c0a84a4cdea5a6225b0ee95181~mv2.webp)
![Initiativ #17 [22.10.2025] Report-It Bilan](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_70ce01c0a84a4cdea5a6225b0ee95181~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_70ce01c0a84a4cdea5a6225b0ee95181~mv2.webp)
Initiativ #17 [22.10.2025] Report-It Bilan
Säit eng gewësser Zäit hunn d'Awunner:inne d'Méiglechkeet fir iwwert d'Funktioun "Report-It" an der Schengen-APP Propositioune, Problemer an Incidenten ze mellen. U sech eng gutt Saach. A mengen Ae wier et awer och wichteg, wann et on-line Informatioune/Statistiken dozou géife ginn. Fir dass Leit och gesinn, dass eppes geschitt. Wéi kenne mir all #zesummen dee System nach optiméieren ?
Tom BELLION
23 oct. 20251 min de lecture
bottom of page