BOSSEG BOSSEN
- Tom BELLION
- 27 mars
- 1 min de lecture
Als Gemengerot gëtt een alt mol och op « Bosseg Bossen » ugeschwat. Zu Welleschten ginn et mëttlerweil 3 Varianten an engem Ëmkrees vun ee puer honnert Meter. Bei der Variant 1 ass et fir Wéngertstraktere méiglech, duerch d’Mëtt ze fueren. Bei der Variant 2 kenne geschéckt Automobilisten sech laanscht drécken. Bei der Variant 3 sinn all Gefierer gefuerdert. Ee Konzept ass net direkt ersiichtlech. Deemno wou ee wunnt oder fiert kënnt een an de Genoss vun aner Léisungen … ? Lauschter dozou och d’Sitzung vum leschte Gemengerot am live-stream : https://www.schengen.lu/conseil-communal/




Commentaires