ENDLECH ON-LINE ÄNTWERTEN
- Tom BELLION
- il y a 11 minutes
- 1 min de lecture
Ufank Februar hat de Schäfferot ugekënnegt, dass d'Äntwerten op d'Froe vun de Conseillere géifen ab der Sitzung vum Mäerz on-line gesat ginn. Zanter kuerzem huet de Bierger do Abléck kritt.
Dat ass ee richtegen a wichtege Schrëtt a Richtung vun enger besserer Biergerinformatioun.
Esou kritt dann och d'Aarbecht vun de Gemengeréit endlech eng gewëss Visibilitéit.
Wou fënnt een déi nei Rubrik ?
Majo gitt op www.schengen.lu, dann op "Documents" an do fannt dir dann zimmlech ënnen d'Rubrik "Questions adressées au Collège des bourgmestre et échevins". Do sinn se dann all accessibel. Am Dokument hänkt och d'Fro.
Hei ee puer Linken fir direkt vun hei aus ze testen. Vill Spaass, et ass ganz informativ!
Verschidde kleng Froen
Buvette zu Riemeschen
Neie Quai zu Schengen
https://www.schengen.lu/wp-content/uploads/2026/04/Reponse-CE-Question-ecrite-TB27-Quai-Schengen.pdf
Een décke Merci dem Schäfferot a besonnesch de Mataarbechter, déi jo d'Äntwerten zesummendroen a verfaassen.

Weider esou!



Commentaires