Fro | Konscht-Canapé zu Bech-Maacher
- Tom BELLION
- 17 sept.
- 1 min de lecture
Dernière mise à jour : 23 sept.
Fir de nächste Gemengerot (Enn September / Ufank Oktober) hunn ech schonn den 2. September 2025 eng mëndlech Fro un de Schäfferot gestallt.
D'Oprou ass grouss an de Konscht-Canapé vu Bech-Maacher huet et d'lescht Woch bis an déi national Medie gepackt.
Bei der Musel wor hien op eemol verschwonnen an op der Ballegplaz uewen an de Wéngerte zu Bech-Maacher ass hie fir d'lescht gesi ginn.
An ee puer Gemengerotssitzunge gouf dat Thema vun der Oppositioun ugeschwat. Fir d'lescht hunn ech mech am Mee 2025 mam Buurjemeeschter driwer ausgetosch.
Geschitt ass net vill. Schued, well et wor ee flotte Projet!


![Mëndlech Fro #6 [26.10.25]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_e7377e18cca2432c97624da111c81d88~mv2.jpeg/v1/fill/w_980,h_1169,al_c,q_85,usm_0.66_1.00_0.01,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_e7377e18cca2432c97624da111c81d88~mv2.jpeg)

Commentaires