MOIEN! - DAG VUN DER LËTZBUERGER SPROOCH
- Tom BELLION
- 19 juin
- 1 min de lecture
De 26. September 2026 ass landeswäit den "Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch".
An eiser Gemeng wunne ronn een Drëttel Leit, déi aus allen Häre Länner kommen. Dat ass sécherlech eng Beräicherung vun eiser Kultur. De Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch, och wann et am Ufank nëmmen ee puer Wierder sinn, kann zu engem gudden Zesummeliewe bäidroen.
Dofir hunn ech mir erlaabt ze froen, wat de Schäfferot konkret virgesäit, fir dass eis Gemeng Schengen den Dag net ee wäisse Fleck op der Landkaart bleift.
Um Site vum Kulturministère fënnt een Detailer dozou: https://maint.gouvernement.lu/fr/circulaires/circulaires2026/circulaire-2026-047.html




Commentaires