top of page

SCHENGEN

SCHENGEN TIMES #32 [7.7.26]

Gudde Moien!

Hei ass déi 32. Editioun vun der "Schengen Times". An eiser Gemeng ginn et vill Themen, an déi een sech ka konstruktiv abréngen, hannerfroen a driwwer berichten:


BIERGERBEDEELEGUNG

Wéi kéint den Duerfkär vu Welleschten ausgesinn? Wéi kéint de Schoulcampus Elweng ee neit Liewen kréien ? D'Iddien vun de Bierger leien elo um Dësch.


MENG INITIATIVEN A FROEN

D'Affaire Traversini hannerléisst hier Spueren. Den Innenminister huet sech zu Wuert gemellt.

Schengen touristesch nach weider opwäerten, dat ass den Zweck vun dëser Initiative.

All joer eng Biergerversammlung, dat wier net vu Muttwëll a mengem Demokratieverständnis. Fréier wor dat de Fall, firwat net och an Zukunft ?


ÄNTWERTE VUM SCHÄFFEROT

Äntwerten vum Schäfferot op d’Froe vun de Gemengeréit. Do muss een sech ee bësschen Zäit huele, well de Schäfferot wierklech ganz exhaustiv op d’Froen agaangen ass, hei den direkte Link pro Thema:


  1. Suivi des projets en cours : Bicherthéik, Vestiaires, Sportshal Elweng, Kichen am Maus Ketti

  2. Pride Month 2026

  3. Esplanade Bech-Maacher : Grillen, Parken, Fëschen, Dreck hannerloossen, Kaméidi

  4. Esplanade zu Bech-Maacher: falsch Beschëlderung

  5. Planning audiovisuel op den Events

 

Villmools Merci dofir, besonnesch de Mataarbechter, déi d’Äntwerten zesummegedroen hunn.


Bonne lecture, schéinen Dag.


Commentaires


bottom of page