TAUPESCHWUES
Den Taupeschwues, eng Insel an der Musel, gehéiert zu menge Favoritte fir trëppelen ze goen, besonnesch bei deene warmen Temperaturen.
Eng fonkelnei Bréck féiert elo op der Héicht vun der Zone artisanale dohinner. Ee puer honnert Meter méi wäit, a Richtung Hafen, ass dann eng Foussgängerbréck, déi och an d'Jore komm ass. Ass déi zou oder op ? Gëtt déi och renovéiert ? Dat si meng Froen un de Schäfferot.




Commentaires