top of page
All


KULTURHAAPTSTAD 2035?
SCHENGEN huet alles fir Deel vun enger Kandidatur fir eng regional Europäesch Kulturhaaptstad 2035 ze ginn! Am Kader vun de Manifestatioune ronderëm den Europadag zu Schengen koum nees d’Iddi zur Sprooch, fir 2035 Deel vun enger Europäescher Kulturhaaptstad 20235 ze ginn. Ech hu mir dat ee bësschen duerch de Kapp goe gelooss, a mol ee Lieserbréif mat mengen Iwwerleeungen am Tageblatt publizéiert. Et misst ee méi wäit gräife wéi d’Musel an och d’Saar, grad wéi de Reseau Quat
Tom BELLION
15 mai1 min de lecture
![SCHENGEN TIMES #27 [7.5.2026]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_0f4f1afe2f414d238b2a1979c4b54b73~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_0f4f1afe2f414d238b2a1979c4b54b73~mv2.webp)
![SCHENGEN TIMES #27 [7.5.2026]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_0f4f1afe2f414d238b2a1979c4b54b73~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_0f4f1afe2f414d238b2a1979c4b54b73~mv2.webp)
SCHENGEN TIMES #27 [7.5.2026]
Elei ass déi nei Editioun vun der SCHENGEN TIMES (#27). Themen haut : Bech-Maacher: BBQ Lane a Verkéierssécherheet op der N10 Schengen: Neie Ponton fir d'Prinzessin Marie-Astrid Europa Bonne lecture !
Tom BELLION
7 mai1 min de lecture


SCHENGEN: NEIE PONTON
Déi gutt Noricht : Ab muer, 8 Mee 2026 dierft d'Prinzessin Marie-Astrid Europa da fir gutt un hirem neie Quai zu Schengen leien. Pünktlech ee Joer ze spéit, anescht gebaut wéi gestëmmt a duebel esou deier wéi annoncéiert. Mee wee bezilt dat wat et méi kascht huet? An och wann de Staat (heescht mir all) bezilt, dann ass dee ganze Projet net gutt gelaf. Et ass nëmmen ze hoffen, dass dat sech net beim Campus Baggerweier widderhëlt.
Tom BELLION
7 mai1 min de lecture


BBQ LANE ZU BECH-MAACHER ?
De Weekend vum 1. Mee, waren d'Awunner vu Bech-Maacher nees Opfer vum Succès vun hirer schéiner Esplanade. Firwat et esou weider lafe loossen? Et weess ee jo, dass et keng Wonnerléisung gëtt. Mee drop beharren, dass et den Terrain vun der Ponts&Chaussées ass, respektiv keng Poubelle dohistellen ass och net d'Léisung. Et muss ee jo fairerweis soen, dass d'Leit, faute de mieux, hier Tuten all schéin op ee Koup tässele, wéi et schéngt. Firwat net mol luusse, wéi en änleche Probl
Tom BELLION
4 mai1 min de lecture


DIREKTE WEE ZU DEN ÄNTWERTE VUM SCHÄFFEROT
Säit kuerzem fënnt een um Site vun der Gemeng, wann ee gutt sicht, d’Äntwerte vum Schäfferot op d’Froe vun de Gemengeréit. Dat ass fir de Moment zimmlech ëmständlech, et kéint ee bal mengen, de Bierger dierft se net fannen. Dofir fannt Dir elo op mengem Site een direkte Link op all eenzel Äntwert vu menge Froen. An der leschter Sitzung hat ech dem Schäfferot nach eemol MERCI gesot a proposéiert, fir déi Rubrik méi visibel ze maachen an och op d’SchengenAPP ze setzen.
Tom BELLION
26 avr.1 min de lecture


ÄNTWERT: KLIBBERE A LIICHTE
Ech si frou, dass de Schäfferot meng Initiative mol de Kanner an dem Léierpersonal weiderreecht. Et wier flott wann déi Iddi géif an engem pedagogesche Projet opgegraff ginn.
Tom BELLION
26 avr.1 min de lecture


ÄNTWERT: BLO SÄCK OPHÄNKE
Inspiréiert vun anere Gemengen hat ech d'Fro gestallt, op d'Ophänke vun de bloe Säck och bei eis kéint eppes bréngen. Elei d'Argumenter vum Schäfferot firwat dat an der Gemeng Schengen net geet.
Tom BELLION
26 avr.1 min de lecture


ÄNTWERT: MOARENÄCKER
Ech gouf vun Awunner op déi futtis Strooss ugeschwat an hunn dunn d'Fro weiderginn un de Schäfferot. Elei d'Äntwert, dass dat net prioritär ass.
Tom BELLION
26 avr.1 min de lecture


ÄNTWERT: GRILL VERGIESS?
Zu Bech-Maacher op der Wiss gëtt d'Situatioun net wierklech besser, wann een den Awunner nolauschtert. Mëttlerweil ginn och mol Grille vergiess. Op d'Moossnamen duerginn, déi de Schäfferot d'lescht Joer ergraff huet ? Hei mol d'Äntwer op meng rezent Fro.
Tom BELLION
26 avr.1 min de lecture
![#26 | SCHENGEN TIMES [26.4.26.]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_ca74c6bc3a644ccda582529c35bcbe6f~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_ca74c6bc3a644ccda582529c35bcbe6f~mv2.webp)
![#26 | SCHENGEN TIMES [26.4.26.]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_ca74c6bc3a644ccda582529c35bcbe6f~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_ca74c6bc3a644ccda582529c35bcbe6f~mv2.webp)
#26 | SCHENGEN TIMES [26.4.26.]
Hei ass déi 26. Editioun vun der "Schengen Times". Dat weist, dass et an eiser Gemeng vill Sujete ginn an déi een sech als Conseiller ka konstruktiv abréngen, hannerfroen a driwwer berichten. NEI ass op mengem Site eng Rubrik "Äntwerte vum Schäfferot". Do fënnt een den direkte Wee op d'Äntwerte an et brauch ee net den dach ëmständleche Wee iwwert de Site vun der Gemeng ze goen.
Tom BELLION
26 avr.1 min de lecture


ÄNTWERT: SCHENGI STATISTIK
De Schengi dréit seng Ronnen an der Gemeng an doriwwer eraus. Laut Ausso vum Schäfferot ass dee Service gutt ugeholl vun de Bierger. Detailer gëtt et awer guer keng, well dat ze vill Opwand wier. Dont acte. Meng Fro viséiert absolut guer net, fir dee Service a Fro ze stellen, well sécher eng Partie Matbierger drop ugewise sinn. Fakten: Am Joer 2025 a bei 2.381 Course, wieren dat der an der Moyenne 8 pro Dag. A bei engem Joresbudget vun 133.715,22 € sinn dat ronn 56 Euro pro
Tom BELLION
26 avr.1 min de lecture


EUROPA LEBT: WENN GRENZEN VERBINDEN
8. Mee 2026 | Europa lebt: Wenn Grenzen verbinden D'LSAP Dräilännereck organiséiert #zesummen mat der SPD Perl/Saarland eng interessant table ronde um Schëff Prinzessin Marie-Astrid Europa. Et huelen Deel: Paulette LENERT (Moderatrice), Tilly METZ (Europadeputéiert), Marc ANGEL (Europadeputéierten), Jo LEINEN (Europadeputéierten a.d.), Ralf UHLENBRUCH (Buergermeeschter Pierel), Jacques SITZ (Buergermeeschter Réimech) a Michel GLODEN (Buergermeeschter Schengen). D'Plaze si l
Tom BELLION
18 avr.1 min de lecture
![#25 | SCHENGEN TIMES [18.4.26]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_ad822a117db24945b694e5ed2e57c454~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_ad822a117db24945b694e5ed2e57c454~mv2.webp)
![#25 | SCHENGEN TIMES [18.4.26]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_ad822a117db24945b694e5ed2e57c454~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_ad822a117db24945b694e5ed2e57c454~mv2.webp)
#25 | SCHENGEN TIMES [18.4.26]
Ech sinn elo selwer iwwerrascht, dass dëst schonn déi 25. Editioun vun der "Schengen Times" ass. An dat an 6 Méint. Dat weist, dass et an eiser Gemeng vill Sujete ginn an déi een sech ka konstruktiv abréngen, hannerfroen a driwwer berichten. https://www.bellion.lu/so/52PsVcclH?languageTag=en
Tom BELLION
18 avr.1 min de lecture


AUTORISATIOUN: ALLES AN DER REI?
D'Gemeng Schengen huet eng Rei vun Aktivitéite bei spezialiséiert Träger ausgelagert. Dat ass am Prinzip gutt esou. Opgrond vun dem Spezialrapport vun der Cour des comptes iwwert de konventionéierte Secteur (ASFT) wier et gutt, wann de Schäfferot kéint confirméieren, dass bei eiser Maison relais, der Maison des Jeunes an dem Club Wëlle Wäin alles an der Rei ass wat Autorisatiounen an Agrementen ugeet.
Tom BELLION
17 avr.1 min de lecture


ROUTE BARRÉE
Aus verschidde Grënn kennt et mol vir, dass Stroosse musse (deelweis) gespaart ginn. Zum Beispill wann ee Chantier ass oder ee Film gedréit gëtt. An dem Kontext ass et wichteg, dass de Gemengerot, déi concernéiert Awunner a Betriber matt Zäiten informéiert ginn. Oft hänken och Changementer am ëffentlechen Transport drun. Dofir hunn ech mol dat Thema an enger schrëftlecher Fro opbruecht.
Tom BELLION
16 avr.1 min de lecture


ENDLECH ON-LINE ÄNTWERTEN
Ufank Februar hat de Schäfferot ugekënnegt, dass d'Äntwerten op d'Froe vun de Conseillere géifen ab der Sitzung vum Mäerz on-line gesat ginn. Zanter kuerzem huet de Bierger do Abléck kritt. Dat ass ee richtegen a wichtege Schrëtt a Richtung vun enger besserer Biergerinformatioun. Esou kritt dann och d'Aarbecht vun de Gemengeréit endlech eng gewëss Visibilitéit. Wou fënnt een déi nei Rubrik ? Majo gitt op www.schengen.lu , dann op "Documents" an do fannt dir dann zimmlech ënn
Tom BELLION
15 avr.1 min de lecture
![SCHENGEN TIMES #24 [11.4.2026]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_bfc4ee38182044c68dede0436223774d~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_bfc4ee38182044c68dede0436223774d~mv2.webp)
![SCHENGEN TIMES #24 [11.4.2026]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_bfc4ee38182044c68dede0436223774d~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_bfc4ee38182044c68dede0436223774d~mv2.webp)
SCHENGEN TIMES #24 [11.4.2026]
Gudde Moien! Hei ass déi 24. Editioun vun der SCHENGEN TIMES. Et ass d’Geleeënheet fir op meng Initiativ an 4 Froen hinzeweisen, déi ech dës Woch un de Schäfferot geriicht hunn. Bonne lecture!
Tom BELLION
11 avr.1 min de lecture


GRILL VERGIESS ... EE NEIEN TREND?
Mam gudde Wieder ass zu Bech-Maacher laanscht d'Musel d'Grillsaison nees ugaang. Dënschdes moies huet een nach Relikten um Bord vum Waasser fonnt ... Dat wäert jo hoffentlech keen neien Trend ginn ... ?
Tom BELLION
11 avr.1 min de lecture


MOARENÄCKER : STROOSS FLECKEN
Zanter enger gewësser Zäit senkt d'Strooss sech am Moarenäcker zu Welleschten. D'Awunner froen sech, ob a wéini do ausgebessert gëtt, ier de Schued an d'Gefor nach méi grouss ginn ?
Tom BELLION
11 avr.1 min de lecture


MIR GI KLIBBEREN
Eng gutt Saach fir d'éischt. Fir d'Liichte, d'Klibberen an de Schoulufank stellt eis Gemeng extra Schëlder op, fir op d'Kanner opmierksam ze maachen. Hei ass meng Suggestioun fir de Kannergemengerot ze beoptragen, fir mat de Schoule fir d'Rentrée 2027 nei Schëlder ze m olen ? Da wier dat ganzt bestëmmt iergendwéi méi lieweg a méi flott, wéi an aner Gemengen ze gesinn ass ? Wat mengt Dir ?
Tom BELLION
11 avr.1 min de lecture
bottom of page