top of page
All


BLO SÄCK OPHÄNKEN ?
An der Zeitung wor ze liesen, dass eng Rei Gemengen dozou iwwerginn, fir un de Luuchtepottoen eng Halterung fir blo Säck unzebréngen. Domadder géifen déi dann net méi fräi am Raum leien an sech bei Wand selbststänneg maachen. Dat wier dach och een Thema fir eis Ëmweltkommissioun, oder net ?
Tom BELLION
11 avr.1 min de lecture


FRELON ASIATIQUE
D'Regierung huet den 8. Abrëll ee Plan d'Action lancéiert fir géingt déi asiatesch Runne virzegoen . Dee Sujet hate mir kierzlech am Gemengerot Schengen an elei ass meng Propose fir als Gemeng Schengen d'Initiative vun der Regierung ze ënnerstëtzen. Dëst, wéi an aner Beräicher och, duerch een zousätzleche finanziellen Ureiz fir d'Leit ze motivéiere, fir matzemaachen.
Tom BELLION
9 avr.1 min de lecture


MERCI !
SCHENGEN TIMES #23 | 4. ABRËLL 2026 Et ass awer och mol un der Zäit fir dem Schäfferot an de Servicer vun der Gemeng MERCI ze soen, fir eng ganz Rei vun Ureegungen a Froen, deenen si sech an de leschte Méint ugeholl hunn.
Tom BELLION
4 avr.1 min de lecture
![SCHENGEN TIMES #23 [4.4.26]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_8c4f3f9952d9411e95a81bfa4aaac6b0~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_8c4f3f9952d9411e95a81bfa4aaac6b0~mv2.webp)
![SCHENGEN TIMES #23 [4.4.26]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_8c4f3f9952d9411e95a81bfa4aaac6b0~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_8c4f3f9952d9411e95a81bfa4aaac6b0~mv2.webp)
SCHENGEN TIMES #23 [4.4.26]
Gudde Moien! Pénktlech fir den Ouschterweekend kritt Dir déi 23. Editioun vun der SCHENGEN TIMES. Et ass d’Geleeënheet fir op meng 3 Initiativen an 2 schrëftlech Froe hinzeweisen, déi ech dës Woch un de Schäfferot geriicht hunn. Et ass awer och mol un der Zäit fir dem Schäfferot an de Servicer vun der Gemeng MER CI ze soen, fir eng ganz Rei vun Ureegungen a Froen, deenen si sech an de leschte Méint ugeholl hunn. Iech all wënschen ech ee schéinen Ouschterweekend!
Tom BELLION
4 avr.1 min de lecture


BIERGERBEDEELEGUNG
D'lescht Joer am Juni huet de Schäfferot ee partizipative Prozess lancéiert fir ze kucke, wéi den Duerfkär vu Welleschten an d'Schoulgebai zu Elweng kéinten an Zukunft gestalt a genotzt ginn. Vill Leit haten sech dofir interesséiert a matgemaach. Mee zanter enger leschter Versammlung fir d'Kommissiounen am Hierscht huet kee méi eppes héieren oder gesinn. Dofir gräifen ech dat Thema op, well Biergerbedeelegung muss eescht geholl ginn.
Tom BELLION
4 avr.1 min de lecture


WUNNKOOPERATIV GEMENG SCHENGEN
Wunnkooperativen - ee Modell fir d'Zukunft! Kierzlech huet d'Chamber eestëmmeg eng Motioun vun der Ost-Deputéierter Paulette Lenert ugeholl, déi als Zil huet ee Kader fir Wunnkooperativen ze schafen. Domadder géif et een zousätzlecht Instrument gi, fir géingt Wunnengskris virzegoen a Wunnen zu abordabele Präisser ze erméiglechen. Meng Fro: ass Schengen net prädestinéiert fir an dem Domaine eng Virreiderroll ze spillen ? Well Schengen steet fir Zesummenaarbecht, Solidaritéit
Tom BELLION
2 avr.1 min de lecture


ËMFROEN
Kierzlech huet d'Gemeng d'Bierger gefrot fir bei enger Ëmfro zum Thema Sport matzemaachen. Vill Gemenge maache reegelméisseg Gebrauch vun dem Instrument, fir an engem partizipative Prozess d'Bierger ëm hier Meenung ze froen. Dofir hunn ech dës Initiativ ergraff fir op dem gudde Beispill vum Sport opzebauen a méi systematesch Sondagen ze organiséieren. Een éischte Sondage wier fir mech, fir mol de Prinzip vum Sondage ze hannerfroen. Fannen d'Leit dat iwwerhaapt nëtzlech a sën
Tom BELLION
1 avr.1 min de lecture


SCHENGI
Zanter enger Rei Jore kennen d'Awunner vun der Gemeng Schengen vu Méindes bis Samsdes vun der Navette "Schengi" Gebrauch maachen. Prinzipiell eng super Saach! Ech hunn de Schäfferot mol no Statistike gefrot fir 2025 an och d'Fro gestallt, op dee Service kéint a Richtung Sierck ausgebaut ginn ? An nach ee puer Iwwerleeunge formuléiert. Si gespaant op d'Äntwerten.
Tom BELLION
31 mars1 min de lecture


SCHENGEN TOURISM COUNCIL
Zanter der Ënnerschrëft vum Accord de Schengen (1985) ass "Schengen" ee Begrëff an der ganzer Welt. D'lescht Joer, zum 40. Anniversaire vun dem Event, si zu Schengen 18 Milliounen Euro investéiert ginn, fir verstäerkt Tourismus ze generéieren. Verschidden Acteure, wéi de "Centre Européen Schengen a.s.b.l.", den ORT Musel, Luxembourg for Tourism an de Luxembourg Convention Bureau setzen sech fir déi international Vermaartung an. Hei ass d'Propose, fir um kommunale Plang ee Com
Tom BELLION
30 mars1 min de lecture
![SCHENGEN TIMES #22 [27.3.26]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_5f679fdb3055473c80c66aede64eb085~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_5f679fdb3055473c80c66aede64eb085~mv2.webp)
![SCHENGEN TIMES #22 [27.3.26]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_5f679fdb3055473c80c66aede64eb085~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_5f679fdb3055473c80c66aede64eb085~mv2.webp)
SCHENGEN TIMES #22 [27.3.26]
Merci, dass Dir meng Newsletter "SCHENGEN TIMES" abonéiert hutt. Iwwert dëse Wee informéieren ech iech reegelméisseg iwwert meng politesch Aarbecht am Gemengerot zu Schengen. Hei ass d'Editioun #22 an an engems mäin 100. Post zanter September 2025 op menger Säit. Themen si vilfälteg: Prix des bénévoles méritants - Chantier Campus Baggerweier - Bosseg Bossen - Meng Gemeng lieft Sport - Verkéierssécherheet - Dixi - Onnéideg Beliichtung - Poubelle déi feelt - Si spéit Äntwerten
Tom BELLION
27 mars1 min de lecture


BOSSEG BOSSEN
Als Gemengerot gëtt een alt mol och op « Bosseg Bossen » ugeschwat. Zu Welleschten ginn et mëttlerweil 3 Varianten an engem Ëmkrees vun ee puer honnert Meter. Bei der Variant 1 ass et fir Wéngertstraktere méiglech, duerch d’Mëtt ze fueren. Bei der Variant 2 kenne geschéckt Automobilisten sech laanscht drécken. Bei der Variant 3 sinn all Gefierer gefuerdert. Ee Konzept ass net direkt ersiichtlech. Deemno wou ee wunnt oder fiert kënnt een an de Genoss vun aner Léisungen … ? Lau
Tom BELLION
27 mars1 min de lecture


MENG GEMENG LIEFT SPORT
D’Sporstministesch huet kierzlech een Appel un d’Gemenge lancéiert fir Projeten am Sportberäich eranzereechen. Meng Suggestioun un de Schäfferot ass et, fir deen Appel un d’Bierger, Veräiner a Kommissioune weiderzeginn. Iwwert dee partizipative Wee komme bestëmmt flott Iddien #zesummen an déi eis Gemeng Punkto Beweegung weiderbréngen.
Tom BELLION
27 mars1 min de lecture
![[ K ] ENG POUBELLE DÉI FEELT ?](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_935c9254bb704694a4ae0d4518d64b9f~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_935c9254bb704694a4ae0d4518d64b9f~mv2.webp)
![[ K ] ENG POUBELLE DÉI FEELT ?](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_935c9254bb704694a4ae0d4518d64b9f~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_935c9254bb704694a4ae0d4518d64b9f~mv2.webp)
[ K ] ENG POUBELLE DÉI FEELT ?
Beim Rond-Point zu Schengen/Remerschen ass eng kleng Plaz wou mol ëfters Leit sti fir hier Paus ze maachen an eppes ze iessen. Do ass keng Poubelle. Heescht dat, dass d'Leit sollen hire Knascht mathuelen, oder gëtt et eng aner Ursaach ?
Tom BELLION
26 mars1 min de lecture


DIXI UM PARKING?
Wéi de "Kiss & Go" bei der Schoul zu Bech-Maacher amenagéiert gouf, gouf do eng Chantier-Toilette deposéiert. Dat ass jo richteg esou. Mee firwat steet déi nach ëmmer do (Stand 23.3.26) ?
Tom BELLION
26 mars1 min de lecture


VERKÉIERSSÉCHERHEET ?
Zanter ee puer Joer entwéckelt sech d'Bléi vun eise schéine Beem zu engem richtegen Hype an d'Tendenz geet a Richtung "Over-Tourism" mat Momenter. Och wa jidderee fir sech responsabel ass am Stroosseverkéier, misst d'Gemeng an/oder Ponts&Chaussées net op d'mannst orange Hittercher dohinner stelle wärend den Deeg vun der Bléi? Ass een Ongléck nët séier geschitt ... besonnesch op esou enger oniwwersichtlecher Plaz mat esou vill Verkéier?
Tom BELLION
26 mars1 min de lecture


BOSSEG BOSSEN ZU WELLESCHTEN
Verkéiersberouegung jo! Awer wéi ? Als Gemengerot gëtt een alt mol och op « Bosseg Bossen » ugeschwat. Zu Welleschten ginn et mëttlerweil 3 Varianten an engem Ëmkrees vun ee puer honnert Meter. Bei der Variant 1 ass et fir Wéngertstraktere méiglech, duerch d’Mëtt ze fueren. Bei der Variant 2 kenne geschéckt Automobilisten sech laanscht drécken. Bei der Variant 3 sinn all Gefierer gefuerdert. Ee Konzept ass net direkt ersiichtlech. Deemno wou ee wunnt oder fiert kënnt een
Tom BELLION
26 mars1 min de lecture


SUNNENSHAUS | FAÇADE BELIICHT
Et fält op, dass um Sunnenshaus zu Bech-Macher d'Façade beliicht ass. Fréier houng do de Logo vum Club des Jeunes, du konnt een dat à la Limite verstoen. Mee elo ass et einfach eng plakeg Façade ... ? Als responsabele Gemengerot hunn ech de Schäfferot dorops opmierksam gemaach.
Tom BELLION
26 mars1 min de lecture
![Syndicat intercommunal "Dräilännereck Musel Ganer" [16.3.2026]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_5acbf4875a3341dd8befb17a11b83808~mv2.png/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_35,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_5acbf4875a3341dd8befb17a11b83808~mv2.webp)
![Syndicat intercommunal "Dräilännereck Musel Ganer" [16.3.2026]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_5acbf4875a3341dd8befb17a11b83808~mv2.png/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_95,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_5acbf4875a3341dd8befb17a11b83808~mv2.webp)
Syndicat intercommunal "Dräilännereck Musel Ganer" [16.3.2026]
Munneref, Réimech a Schengen schaffen op enger Partie Dossieren zanter Joren efficace zesummen: Drénkwaasser, Ofwaasser, Maison des Jeunes, Tourismus, Office social commun, i3, a.s.w.. Meng Initiativ favoriséiert d'Schafung vun engem interkommunale Syndikat "Dräilännereck Musel Ganer" fir dës Zesummenaarbecht nach besser ze strukturéieren an ze koordinéieren. An eng nohalteg Visioun 2050 fir eisen Dräilännereck Musel Ganer auszeschaffen. Fënnt dës Iddi eng breet Zoustëmmung b
Tom BELLION
16 mars1 min de lecture
![SCHENGEN TIMES #21 [13.3.26]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_8328c79dd61a4fe0a8d3a394615f48e5~mv2.jpeg/v1/fill/w_333,h_250,fp_0.50_0.50,q_30,blur_30,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_8328c79dd61a4fe0a8d3a394615f48e5~mv2.webp)
![SCHENGEN TIMES #21 [13.3.26]](https://static.wixstatic.com/media/4a7c7f_8328c79dd61a4fe0a8d3a394615f48e5~mv2.jpeg/v1/fill/w_454,h_341,fp_0.50_0.50,q_90,enc_avif,quality_auto/4a7c7f_8328c79dd61a4fe0a8d3a394615f48e5~mv2.webp)
SCHENGEN TIMES #21 [13.3.26]
Gudde Moien, elei dann déi neisten Editioun vun der Schengen Times, mat follgenden Themen: Affaire Valentiny: keen Appel vun der Gemeng Wëllschwäi-Plo Porte ouverte Waasserschapp Budget Participatif wengertsbourse.lu Bonne Lecture!
Tom BELLION
13 mars1 min de lecture


Ofwaasser - Wat leeft am Kanal?
D'Regierung lancéiert eng grouss Sensibiliséierungscampagne ronderëm ' Thema "Ofwaasser" a riicht een Appell un d'Gemenge fir matzemaachen. Dat ass ee wichtegt kommunalt Thema, an dofir hunn ech dem Schäfferot eng Rei Froe gestallt wat 1) de Suivi vun den Analysen ugeet an 2) ob a wéi d'Gemeng wëllt d'Initiativ vun der Regierung proaktiv ënnerstëtzen. Si gespaant, wéini a wéi eng Äntwerte kommen. Zanter Ufank Mäerz sollen déi jo och um Site vun der Gemeng verëffentlecht ginn
Tom BELLION
10 mars1 min de lecture
bottom of page